Gemengewalen 2023: Erstelle vu konkreten Ureegunge vum Mouvement Ecologique

Download(s)

2023 stinn d’Gemengewalen an d’Haus. Traditionell notzt de Mouvement Ecologique dës Geleeënheet, fir de Point vu sengen Ureegunge fir d’Gemengen ze maachen a konkret Iddien an de verschiddene Beräicher vun der Gemengepolitik ze entwéckelen. Dat ëmmer mam Zil, derzou bäizedroen eis natierlech Liewensgrondlagen ze erhalen an d’Liewesqualitéit an de Gemengen ze verbesseren.

Déi Virschléi ginn an enger Broschür verëffentlecht an u Gemengen, Kandidaten a Parteien a vill aner Acteure verdeelt.
D’Ureegunge ginn dann och vu nawell ville Leit a Kandidat:inne gekuckt, fannen Agang an esou munch Programmer an och Schäfferotserklärungen a sinn och duerno nach eng Inspiratioun fir Leit, déi sech am Gemengeberäich asetzen.

Beim Erstelle vun dëse Propose entwéckele mir eis och am Mouvement Ecologique weider, well dat eng Zäit ass, wou mir eis Käpp besonnesch intensiv zesummestrécken, fir och innovativ a nei Iddien opzegräifen.

Kommt laanscht, an diskutéiert matt!

Dir gitt gebraucht!
5 Memberforen: Austausch – nei Iddie – Diskussioun
ëmmer vun 18.15 – 21.00 Auer (mat eppes Klengem ze iessen)

 

Fir d’Fuerderungen / Ureegunge vum Mouvement Ecologique auszeschaffe luede mir op 5 verschidde Memberforen an, fir déi éischt Entwërf virleie wäerten, déi mir da gemeinsam duerchhuelen, diskutéieren, ergänzen…

D’Memberfore sinn eng ganz gutt Méiglechkeet fir Leit, déi sech fir d’Gemengepolitik interesséieren (a sech och vläicht wëlle fir d’Walen opstellen oder sech generell an der Gemeng engagéieren) e besseren Abléck an déi eenzel Themen ze kréien.
Dir sidd häerzlech agelueden, och wann Dir nach net esou an engem Thema dra sidd!

Déi Memberforen erlaben esou net nëmmen dem Mouvement Ecologique eng gutt Positioun ze erstellen, ma se sinn och eng gutt Méiglechkeet fir all Interesséierten, sech méi an en Thema eranzeschaffen oder auszetauschen … oder einfach ze informéieren!

Jiddwereen, dee matmëscht, kritt am Virfeld och d’Ënnerlagen gemailt.

Wichteg awer: dëst Joer wëlle mir eis – vläicht nach méi wéi soss – doriwwer austauschen, wat an all Beräich eis Haaptfuerderungen oder nei Ureegunge sinn. Well et huet sech jo awer vill gedoen. Eist Zil: e ganz klore Message an de verschiddene Beräicher hunn!
Well de Mouvement a ville Beräicher aktiv ass, gi pro Memberforum 2-3 Theme geschwat, déi eppes mat eneen ze dinn
hunn.

Eng Umeldung fir d’Foren ass via meco@oeko.lu néideg, fir datt jiddwereen all Ënnerlagen déi et scho gëtt am Virfeld
ka kréien a fir datt mir Iesse bestelle kennen. Well et wäert wärend de Foren och eppes Klenges ze iesse ginn.

 

 


Forum 1: Demokratie, nohalteg Entwécklung a Finanzen: zentral Bausteng an de Gemengen
Donneschdes, den 1. Dezember 2022 um 18.15 – 21.00 Auer

 

Villes huet sech gedoen, an och den Thema Bedeelegung vun de Leitan d’nohalteg Entwécklung sinn definitiv an de Gemengen ukomm. Ma geet dat duer? Geschitt genuch, datt vun „demokratesche Gemenge“ geschwat ka ginn? Wou happert et? Wat kéint verbessert ginn? Wéi kann och duerch e clevere Budget, Prioritéiten an de Finanzen eppes beweegt ginn?

 

 

 


 

Forum 2: Energie- a Klimaschutz, lokal a egional Wirtschaft stäerken: d’Zukunftschallengen opgräifen
Méindes, de 5. Dezember 2022 um 18.15 – 21.00 Auer

 

Mëttlerweil gëtt et de Klimapakt 2.0, vill Gemenge sinn aktiv am Klima-Bündnis Lëtzebuerg a villes méi. D’Energieknappheet vun elo huet derzou gefouert, datt Gemenge viru weider Erausfuerderunge gestallt ginn. Wéi eng nei Akzenter musse weider gesat ginn, datt Lëtzebuerg och Dank de Gemenge viru kënnt am Klimaschutz, am Ausbau vun den Erneierbaren, dem Energiespueren an der Energieeffizienz?
Erreeche mir domat d’Ziler? Wat sinn iwwert all eenzel Moossnamen eraus déi zentral Puzzlesteng fir déi néideg Aspuerungen hinzekréien? Wat kann eng Gemeng maachen, fir déi regional Wirtschaft ze stäerken an domat gläichzäiteg Ressourcen ze stäerken?
Bidden sech do weider Iddie wéi de Reparaturbonus, nach méi eng staark Vernetzung mat sozialen Initiativen a villes méi un?

 


 

Forum 3: Fir eng besser Ëmwelt- a Waasserwirtschaftspolitik an e verstäerkte Gesondheetsschutz
Donneschdes, den 8. Dezember 2022 um 18.15 – 21.00 Auer

 

Gesondheetsschutz, ass net nëmmen d’Heele vu Krankheeten, ma Wuelbefannen a vermeide vu Krankheeten…. Domat ass de  Gesondheetsschutz enk mat der Ëmweltpolitik verbonnen, awer och
de Froen vun der Gestaltung vun de Gemengen a villem méi. Zesummen
diskutéiere mir, wéi et da mat dem Ëmweltschutz an de Gemenge steet, wou mir mat der begrenzter Ressource Waasser dru sinn? Wat sinn déi wichtegst Moossnamen, déi solle getraff ginn a wéi kënnen d’Gemengen hëllefen de präventive Gesondheetsschutz virun ze dreiwen?

 


 

Forum 4: Natur- a Landschaft – Bësch: D’Séil vun der Gemeng
Mëttwochs, de 14. Dezember 2022 um 18.15 – 21.00 Auer

 

Vill Gemenge sinn a Naturschutzsyndikater vertrueden an engagéiert,
den Thema „regional Liewesmëttel“ ass à la une…. An awer: de Biodiversitéitsverloscht geet ongehemmt weider, de Verkaf vu Bioliewensmëttel
ass deelweis réckleefeg. No dësem Summer ass méi gewosst wéi jee, datt eis Bëscher Problemer hunn. Wéi kéint hei entgéint gewierkt ginn? Wéi kann eng Gemeng nach méi gezielt derzou bäidroen eis natierlech Liewensraim an virun allem och eis Noerhuelungsgebidder ze erhalen? Wéi kann eng regional / biologesch Landwirtschaft nach vill méi no vir bruecht ginn?

 


 

Forum 5: Entwécklung vun eise Stied an Dierfer, ëffentleche Plazen, Mobilitéit… zentral fir attraktiv a lieweg Gemenge fir d’Leit
Donneschdes, de 15. Dezember 2022 um 18.15 – 21.00 Auer

Datt e.a. Vëlospiste, gutt Verbindungen, e gudden ëffentlechen  Transport
wichteg sinn, ass gewosst. Jiddweree weess och ëm d’Bedeitung vu schéine Plazen an den Uertschaften, wou een sech gären ophält, sech austausche a begéine kann. Ëmmer méi Leit erkennen, wéi wichteg Gréngs an den Uertschaften ass an datt es nach méi brauche fir z.B. der Iwwerhëtzung entgéint ze wierken, huet zougeholl. Wat gëtt gebraucht, fir datt all dës positiv, a vu ville Leit erwënschten Initiativen, nach méi kënnen ëmgesat ginn? Wat wären d’Prioritéiten? Wat Stellschrauwen, datt nach méi geschitt?

 


Praktesches: Wgl. mellt Iech am Viraus un op meco@oeko.lu oder um Tel: 439030-1.
Da kritt Dir och all weider Informatiounen zum Oflaf vum Forum an all Dokumenter .

 


Sot eis Är Meenung: Kommentéiert d’Entwerf zu de Gemengewalen Online – eecht och nei Proposen eran. Lues a lues wäerten Entwërf vun de Propose vum Mouvement Ecologique online gesat ginn. Spéitstens den 1. Dezember wäert et lassgoen mat den éischten Entwerf. Dir gesitt op der Homepage ëmmer
* wéi eng Textpropose schonn do sinn
* wéini wéi eng weider Online gesat ginn
* a bis wéini Dir Är Kommentare kënnt eraginn.
Do gesitt Dir och, wat de Mouvement bei de leschte Gemengewalen 2017 u Propositioune gemaach hat. Dir fannt all Infoen op
www.meco.lu.


 

Wéi kommt Dir bei de Meco:
• Bus: Bus AVL No. 23 a No. 26 Haltestell Vauban
• Zu Fouss / Vëlo: Falls Parking néideg, Parking Glacis a Panoramalift (am 5. Dezember ausser Betrieb wegen Wartungsarbeiten)
Pafendall
• Zuch / Vëlo: Gare Pfaffenthal-Kirchberg
• Vëlo: PC1
Weider Infoen op www.meco.lu.

 

 

 

23.11.22